Genosswanderung

07.05.2023

Erlieft d’Wanderweeër ronderëm Branebuerg eemol anescht. Mat faszinéierende Geschichten a spannenden Aktivitéite waarden eis Experten op iech a bréngen iech d’Natur an d’Kulturlandschaft als ganz bewosst Erliefnis méi no. Et erwaarden iech awer net nëmme wonnerschéi Landschaften, mee och kulinaresch gëtt vill gebueden. Vum Kaffi, iwwer d’Mëttegiesse bis bei den Dessert gitt dir mat Qualitéitsproduiten aus der Regioun vun den 3 Naturparke verwinnt. Kommt mat eis an d’Gespréich a gitt méi iwwer d’Handwierk, d’Geschichten an d’Mënschen aus der Ëmgéigend gewuer.

Kommt op de Goût op eiser Genosswanderung zu Branebuerg!

SO/DI, 07.05.2023
Startzäit / Heure de départ 9h00-14h30
(all hallef Stonn / toutes les 30 minutes)
ca. 2,5 Stonnen / environ 2,5 heures
3 km
Schwieregkeet / difficulté : mëttel, medium | nicht barrierefrei, pas accessible aux personnes à mobilité réduite
Erwuessener / adultes: 25€
6-17 Joer / ans: 10€
Kanner bis 5 Joer / enfants jusqu’à 5 ans : gratis / gratuit Umeldung noutwenneg / Inscription obligatoire ecoledugout@naturpark.lu / 90 81 88 1